Eddi a merci…

August 17th, 2008

Sou. Also t’éischt mol eng Gedenkminutt u main aalen Server “Elchcontrol”, hien ass an der Pensioun. Noo quasi 10 Joer ass et elo sou wait. Gebuer mat 128MB RAM, wouvunner der 64 futti woren, mat 333MHz ass en gewuess ob 1,7GHz an 512 MB Ram, huet mengen ech 400GB harddisken a sech schlummeren an sou. Et ass Zait fir dech, Kolleeg, ze goen. Merci. En Requiem ob en Server.

The Do man wierklech léif Musek. An d’Soko och. An Peggy vun Oma Hans ass een vun deenen groussaartegsten Musekswierker a mengem Plakkenregal.

Zäit ass et och, noo quasi 5 Joer, d’Fanger vum Bloggen ze loossen. Et muss een weider. E groussen Merci un de Charel Betz, den Fede an de Chris, déi bis zum Schluss meng Lieblingsblogs woren. Ech hun iwwert all déi Zäit bloggen nie seriö geholl, an fannen nach emmer dass Bloggen eng Moud ass, an komplett iwwerbewäert gett. Mir danzen hei net em eng helleg Kou. Et ass nach emmer nemmen den Internet. Facebook Newsfeed ass och net CNN Newsfeed.

A propos Facebook. Deen neien Facebook ass vill besser wei deen aalen. Mee en ass mer ze duerchscriptet.

Am Liewen gin et munchmol Twists and Turns wéi een se guernet kéint erdenken. Fir den Rescht kann ech mer dann wuel dem Chris säin Shirt iwwerstreppen. Oder mir en eegenen kaafen.

Fir all déi, déi am Tageblatt gelies hun, ech hätt ob menger Diplomiwwerreechung während menger Diplomried Buedschlappen ugehaat, sief berouegend gesoot: Dat ass net wouer. Et woren Birkenstock.

Cookie Monster ass dann heimadden zou. Wéi wier et mat engem Zitat zum Oofschloss. Iergendeppes déifsenneges, eppes un all déi Blogger, déi hei nach liesen (merci fir d’Audienz btw)…

“Fly, you fools!”
- Gandalf

Haha…

July 15th, 2008

Aus iergendengem Grond fannen ech dat doudwitzeg:

Und der Notarzt hat ‘nen Defi…

July 14th, 2008

…an den Max Mustermann elo och.

Bei Plus kann een relativ genschteg en hallefautomateschen Defibrillator kaafen. Ween d’Geld huet…

Gescht…

July 6th, 2008

…2 Lidder vum neien Tomte Album live heiren. Si gi rem méi rockeg, awer nach emmer sou wonnerbar pathetesch schmalzeg. Ee neien Liddertitel:

Nichts ist so schön auf der Welt wie betrunken traurige Musik zu hören.

fail…

June 30th, 2008

Flott Reklamm

June 28th, 2008

Vun VW. Okay, et ass net sou gudd wei d’Brainiac Experiment, mee awer cool.

Wou keeft een hei am Land…

June 28th, 2008

- Computermatieral: 19″ Rackblenden
- Elektroniksgeschier: Tasteren, Kabelen an Steckeren (SAM Electronic, rue d’Anvers? Schaller, a.d.l. Faiencerie?)

An huet een en aalt USB Gamepad ze verschenken?

Assez bien.

June 27th, 2008

Eine kleine Nachmusik - oder: Anekdot vum Southside-Camping

June 25th, 2008

Moies em 3 huet abeemol eng ganz haard Musek eist Zelt duerchdrogen. Et wor däitschen Rock. Mir hun eis geduet, iergendeen Penner hätt säin Ghettoblaster do gestart, mee gefehlt:

Direkt niewt eisem Zelt (20m) huet eng Band gespillt, ob engem Camion. Live.

No 2 Lidder hun se gesot: Tut uns leid, die Security will, dass wir aufhören, sonst kommt die Polizei.
a si gaangen. Et huet keng 2 Minutten gedauert, do huet een de Sänger rem héiren. “ich werde erst aufhören zu spielen, wenn die polizei mich verhaftet!!! ich höre nicht auf! ich geh heute für euch in den knast!”

Dat huet dann 3 Lidder gehaalen. Da koum dat:

Henrick hun en MySpace (yuhuu, ech konnt main MySpace endlech löschen), an zwar hei.

PoGo!!!

June 20th, 2008

Ech well eng Polaroid Pogo. Dat ass en Printer, sou grouss dass en an eng Täsch passt. En huet keng Verbrauchsmaterialien ausser sain Thermopobeier an sou. D’Fotoen sin anscheinend Mettelmeisseg, ganz sou wei een dat vun Polaroid gewinnt ass. Branchéiert gett en via USB oder Bluetooth an en ass Batteriebedriwwen.
Dat Dengens kascht 125-150 Euro. Een ausdrock (5*7.5cm) 20-30 ct. Dat ass kleng an deier, mee huet bei den aalen Instant Cams jo och keen gestéiert.
Well hun!
PS: Ech sin ob den SOUTHSIDE! WOHOOOO!